Fir déi éischte Kéier a senger Geschicht, sengt d‘Maîtrise e Concert an der Krypta vun der Kathedral. E Mëttwoch (03.07.2024) séngt de Chouer do ënnert anerem Wierker vum John Rutter, vum Karl Jenkins a vum Felix Mendelssohn Bartholdy. Bei dësem neie Konzept spillt den Dirigent Marc Dostert souwuel mat der Atmosphär vun dësem besonnesche Raum, wéi och mat der Placéierung vum Chouer, wéi hien dem Luc Boentges am Interview verréit.