Radioen

On air

Notturno  |  Johannes Brahms - Sonat Nr.1 fir Cello a Piano a Mi Mineur, Op. 38, II. Allegretto quasi Menuetto - Dimitri Maslennikov (Cello), Sabine Weyer (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Naturverwaltung confirméiert: Et war e Wollef

Raum Kiischpelt-Klierf

Naturverwaltung confirméiert: Et war e Wollef

D’Naturverwaltung huet haut confirméiert, datt de Freideg am Raum Kiischpelt-Klierf ee Wollef ënnerwee war. D’Experte vun der Verwaltung hunn op Basis vu Fotoen, déi op zwou verschiddene Plaze gemaach gi waren, eendeiteg bestätegt, datt et sech ëm ee Wollef gehandelt huet. Zënter dem Summer 2017 gouf d’Presenz vu Wëllef hei am Land domat schonn iwwer zéng Mol confirméiert.

auto_stories

2 min

Bigstock / Alex Gleitz | © Bigstock / Alex Gleitz
Wollef (Foto: Bigstock / Alex Gleitz)

Déi éischt Bestätegung vun der Presenz vun engem Wollef hei am Land zënter 1893, koum Mëtt Juli 2017. Bei den neiste Fäll huet d’Naturverwaltung Fotoen op de soziale Medien an an der Press gesinn, esou de Laurent Schley. No enger geneeër Analys hätt een och kloer kéinte soen, datt et sech an den zwee Fäll ëm Wëllef handelt.

Zënter 2017 goufen et schonn eng Rei confirméiert Presenze vu Wëllef hei am Land, erkläert de Laurent Schley vun der Naturverwaltung.

"Entretemps ass dat hei déi 11. an déi 12. offiziell confirméiert Meldung. Woubäi et sech mat grousser Warscheinlechkeet bei deenen zwou Meldungen hei ëm dee selwechte Wollef handelt. Dat schéngt zimmlech warscheinlech."

Onkloer, ob de Wollef nach am Land ass

Mat enger gewësser Warscheinlechkeet hätt et sech ëm ee Wollef gehandelt, dee vun der Belsch duerch Lëtzebuerg an Däitschland ënnerwee gewiescht wier. 

"Et huet sech awer entretemps erausgestallt, dass déi Deeg do virdrun, no bei der belscher Grenz (...) och Wëllefsnoweiser waren. An ee Sonndeg – also zwee Deeg no eise Fäll – déisäits der Our an Däitschland ee Wollef opgedaucht ass, deen och am Dag ënnerwee war."

Ob de Wollef, deen ee Freideg am Raum Kiischpelt-Klierf ënnerwee war, elo nach am Land ass, kéint de Moment net confirméiert ginn, esou d’Naturverwaltung.

De Laurent Schley ass der Meenung, datt et duerch d'Presenz vu Wëllef fir d'Bevëlkerung à priori keng Gefor géif ginn.