Laang Zäit sinn d’USA a Saache Kultur a Musek eng Zort Kolonie bliwwen. Europäesch Virtuosen a Sängerinnen, wéi d’Jenny Lind, sinn op hiren Amerika-Tournéeë grouss gefeiert ginn. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert gëtt New York dann ee vun den éischte Musekszenteren an den USA. Am “Big Apple” gëtt op engem 2. Abrëll de Grondstee geluecht fir deen Orchester dee bis haut ee vun den erfollegräichste Sinfonieorchester weltwäit ass: de New York Philharmonic. De Joachim Fontaine verréit eis méi aus der Geschicht vum Orchester.