Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Emilie Mayer - Trio Nr.3 a Mi bémol Maj. fir Piano, Gei an Cello, IV. Finale - Klaviertrio Hannover

play_arrow Live
search

/ Neapology

Klassik-Album vun der Woch

Neapology

De neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow

 

Lauschterenplay_arrow

 

Ee ganz perséinlechen Album iwwert seng Heemecht

De Genny Basso ass 1984, also viru genee 40 Joer, zu Neapel op d’Welt komm. Spéider huet de Pianist och a senger Heemecht Musek studéiert, an zanterhier verbënnt hie mat der italieenescher Küstestad ganz vill perséinlech Erënnerungen. Scho wéi hien e Kand war, huet seng Mamm dacks ee spezifescht neapolitanescht Wierk um Piano gespillt: “Piscatore`e Pusilleco”. Dat Stéck spillt den Genny Basso och op dësem Album.

 

Berüümt an och manner bekannt Musek iwwert a vun Neapel

Den Genny Basso spillt d’Musek net nëmmen op dësem Album, mee hien huet déi meescht vun de Wierker och selwer arrangéiert. Et ass e wëlle Mix vu ville verschiddene Komponisten a Klangwelten. Mat dobäi si Komponisten déi genee wéi de Pianist zu Neapel gebuer sinn, an awer och auslännesch Museker déi iwwert déi italienesch Stad Musek geschriwwen hunn.

 

Musek voller Emotiounen an Atmosphären

Obwuel d’Atmosphäre vun de Wierker ganz ënnerschiddlech sinn, spillt den Genny Basso op dësem Album alles mat immens vill Gefill an Emotiounen. Et héiert ee bei all eenzel Nout eraus, mat wéi enger Passioun op de Pianostaste spillt. “Neapology” ass ee ganz perséinleche Projet, deen den Genny Basso am Fong schonn ëmmer realiséiere wollt. Mat dësem Album beweist de Pianist seng Léift fir seng Heemecht op déi beschte Manéier, mat Musek déi vun Häerze kënnt.