Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Um Enn koum et op all Stëmm un

VOTT IWWERT NEI EU-KOMMISSION

Um Enn koum et op all Stëmm un

Am Europaparlament huet eng Majoritéit vun 370 vu 688 fir déi nei EU-Kommissioun gestëmmt. Wéi et méi enk war, wéi erwaart, hat den Nach-Europadeputéierte Christophe Hansen selwer mat ofgestëmmt. Hien ass elo als EU-Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel confirméiert.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

Nach en Dënschdeg hat hien net wëlles, selwer mat un deem Vott deelzehuelen. Den elo confirméierten EU-Agrar-Kommissär Christophe Hansen hat et net “korrekt” fonnt, fir sech selwer ze stëmmen.

"Méi enk wéi erwaart"

Mee haut um Mëttwoch huet hien, genee ewéi déi aner dräi Europadeputéiert, déi Membere vun der Kommissioun sollte ginn, seng Meenung séier geännert. Et sollt nämlech méi enk ginn, ewéi erwaart.

"Dofir hu mir véier, déi hei am Parlament nach Member waren, eis zesummegesat a geschwat, fir ze kucken, ob mer matstëmmen. A mir hunn dunn d'Decisioun geholl, vu datt dat och 2019 esou gemaach ginn ass, vum Här Schmit, der Madamm Swicker etc. Fir dat selwecht ze maachen, well mer jo och nach Member vum Parlament sinn, bis zu deem Moment, wou mer gestëmmt sinn. Dofir hu mer dat esou gemaach."

Dat ass konform zu de Reegelen: Een Europadeputéierten, deen als EU-Kommissär designéiert gëtt, dierf déi ganzen Zäit bis zum finale Vott iwwert d’Kommissioun, am Parlament mat ofstëmmen.

Schlechtst Resultat zënter 30 Joer

Um Enn hunn 370 vu 688 Europadeputéiert mat "Jo" gestëmmt, 282 waren dogéint, a 36 hunn sech enthalen.

Domat gouf d’Majoritéit zwar kloer erreecht - mee et ass historesch gesinn dat schlechtst Resultat am Verglach mat fréiere Kommissiounen.

"Today is a good day for Europe. Because the centre is holding", sou de Constat vun der aler an neier Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

Sou ganz huet de politeschen Zentrum am Parlament awer net gehalen.

Rëss an der pro-europäescher Koalitioun: EVP kritt Rechnung presentéiert

Virun allem bei de Sozialisten am Europaparlament gouf et der eng Partie, déi net fir déi nei Kommissioun gestëmmt hunn - déi meescht, well si net d’accord domat sinn, datt d’Europäesch Vollekspartei, där d’Ursula von der Leyen ugehéiert, eng Zesummenaarbecht mat rietse Parteien net auschléisst.

Déi Ouverture no riets wier d’Ursula von der Leyen um Enn deier ze stoe komm, sou de Marc Angel, dee sech enthalen huet.

"Well si huet doduerch bei de Sozialisten 43 Stëmme verluer, bei deene Gerénge 24 a si huet der net vill vun der ECR kritt. Also ech hoffen, datt se de Message verstanen huet an datt mer elo kënnen ufänken zesummen ze schaffen an haaptsächlech Majoritéite mat de pro-europäesche Parteie bilden."

Vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten hunn nieft dem Christophe Hansen och d’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima an den Charel Goerens vun der DP fir déi nei Kommissioun gestëmmt. Dogéint waren d’Tilly Metz vun deene Gréngen an de Fernand Kartheiser vun der ADR.

Nei Kommissioun fänkt e Méindeg un mat schaffen

Déi nei Kommissioun fänkt direkt u mat schaffen. Fir de Christophe Hansen geet et wéi fir de Rescht vun de 25 EU-Kommissären e Méindeg lass.

Eng Woch drop wäert hien d’Kommissioun um éischte Conseil vun den EU-Agrarministere vertrieden. A bannent 3 Méint soll den CSV-Politiker eng Visioun iwwert d’Zukunft vun der europäescher Landwirtschaft op den Dësch leeën.