Notre-Dame de Paris - ee Lëtzebuerger bei de Restauratiounsaarbechten
Virun annerhallwer Woch war et sou wäit: d’Notre-Dame zu Paräis ass gutt 5 Joer nom Brand nees op fir de grousse Public. Et war eng opwendeg Restauratioun, un där ronn 250 Entreprisë bedeelegt waren. D’Uergel war net ofgebrannt, mee se huet komplett missen opgebaut, gebotzt a restauréiert ginn. Em 8000 Päifen huet sech misse gekëmmert ginn a responsabel war dofir ënner anerem och e Lëtzebuerger: de Laurent Anen. De Christophe Mirkes huet beim Uergelbauer nogefrot wéi seng Aarbecht konkret ausgesinn huet.
Lidderflupp - Lëtzebuerger Vollekslidder
Eng musikalesch Rees duerch d'Musek aus dem 20. Joerhonnert -
Lidderflupp ass de Numm vum neien Album vum Georges Urwald a gläichzäiteg vun engem Kulturprojet fir Mënsche mat Demenz.
Virun e puer Deeg huet de Georges Urwald zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Debbie Marinkovich an dem Ivan Boumans en Album ënnert dem Titel Lidderflupp digital erausbruecht. Lidderflupp ass och den Titel vun engem Projet, deen den Urwald zesumme mat der MIL asbl op d'Bee gesat huet. Op deem Album kann een 10 Medleyen lauschteren, déi sech jeeweils em ee Komponist, eng ganz Epoch oder eng bestëmmten Thematik dréinen. D’Marie Trussart huet mam Georges Urwald ënner anerem iwwer d’Volleksmusek zu Lëtzebuerg geschwat, wat se esou besonnesch mécht an hien huet och verroden, firwat hien esou begeeschtert ass, vun eisem Musekspatrimoine.
"Christmas time" - eise Klassik Album vun der Woch
Et ass "Christmas time"- Mir presentéieren Iech een Album vum Bayresche Rundfunk Chouer, dem Münchener Rundfunkorchester an dem Gavin Sutherland. Een Disk, deen sech op déi typesch amerikanesche Chrëschtdagslidder fokusséiert.
Ass et Kitsch, Prunk oder dach dezent Chrëschtdagsmusek?
De Luc Boentges verréit am Gespréich mam Lex Kauffmann, wéi een dës Produktioun am beschten deite kann.