Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.5 a Si bémol Majeur, D 485, III. Menuetto. Allegro molto - B'Rock Orchestra, René Jacobs (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Nei Saison vun de Lundis de l'ONJ

Klassik Aktuell

Nei Saison vun de Lundis de l'ONJ

De Pit Brosius luet nees op puer Owender mat spannende Gespréicher iwwer Musek am Mierscher Kulturhaus an.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Pit Brosius Dirigent ONJ | © Max Mausen play_arrow
Pit Brosius (Foto: Max Mausen)

De Pit Brosius, Dirigent vum Orchestre National des Jeunes Luxembourg (ONJ), verféiert nees op eng Rees duerch déi spannend Welt vun der klassescher Musek. Ab dem 16. Oktober bis de 25. Mäerz 2024 kann een am Mierscher Kulturhaus mat him a sengen Invitéen an d’Déifte vun der klassescher Musek tauchen. Hien huet mam Marie Trussart iwwer d’Konzept vun de “Lundis de l’ONJ” geschwat.
Haut den Owend (16.10) um 7 Auer ass déi éischt Ronn an der Bar vum Mierscher Kulturhaus mam Thema “zäitgenëssesch Musek”. Méi Informatiounen zum Programm vun deenen nächste Méint fannt Dir hei.

Lauschterenplay_arrow