Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Vittorio Monti (arr. Markos Destefanos) - Czárdás - Duo Marcanto

play_arrow Live
search

/ Nei Saison am Escher Conservatoire

Klassik Aktuell

Nei Saison am Escher Conservatoire

Fir déi nei Saison 2023/24 ass de Programm gutt gefëllt. Mat ville verschiddene Concerten ass fir all Mënsch eppes dobäi.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

Direkter vum Escher Conservatoire  | © radio100,7 play_arrow
Jean Halsdorf (Foto: radio100,7)

De Conservatoire zu Esch ass net nëmmen eng Schoul, mee och ee Concertshaus. Fir déi nei Saison 2023/24 ass de Programm gutt gefëllt. Mat dobäi sinn erëm vill Concerte mat Enseignanten an international Gruppe wéi "Klazz Brothers" mat südamerikanescher Musek, deen den éischte Concert vun der neier Saison spillt. Och speziell Spektakel fir Famillje mat Kanner sinn erëm mat dobäi, wéi d'Schlappeconcerten, wou d'Kanner Schlappen unhunn. Ee neit Konzept ass d’Piano Week – do dréit sech fir eng ganz Woch alles ronderëm de Piano. D’Marie Schockmel huet sech mam Jean Halsdorf, dem Direkter vum Escher Conservatoire, ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow