De 6. Oktober ass den éischte Concert am Trifolion zu Iechternach ënnert dem Motto “Bohnenberger Plus”. Den Ensemble Kammerata spillt ënner anerem eng Uropféierung vun engem lëtzebuergesche Kënschtler: dem Nik Bohnenberger. D’Marie Trussart huet mam Klarinettist Sébastien Duguet iwwer déi nei Concerten gekuckt. Mam Komponist Nik Bohnenberger huet hat doriwwer geschwat, wat fir e Gefill et ass, säi Wierk fir d'éischte Kéier vun engem Ensemble virgespillt ze kréien.