De Sonndeg 12. November leeft am Stater Conservatoire den 39. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes vun der UGDA, gekoppelt mat engem europäesche Concours. 121 Kandidatinnen a Kandidate wäerte sech an deenen ënnerschiddleche Kategorië presentéieren. Um Enn vum Concours steet dann d'Proklamatioun vun de Resultater mat Präisiwwerreechung.
De Guy Engels huet sech mat der Micky Thein, Direktesch vun der UGDA-Museksschoul, iwwer de Concours ënnerhalen.