Amplaz kommen dräi nei Fërderungen.
Engersäits d’Hëllef “Sport et Société” déi all Sportveräi ka kréien. An zwou spezifesch Hëllefen: Qualité Plus vir Veräiner déi op dem Benevolat baséieren an dem Subside Pro Plus de fir professionaliséiert Veräiner geduecht ass.
Véier Piliere géint e strukturelle Problem
2025 goufen et ronn 100 Veräiner manner wei 2023. An och beim Benevolat géifen et Problemer ginn, esou d’Ministesch. Dës Reform soll also e strukturelle Problem ugoen, argumentéiert d’Martine Hansen.
"Mir hunn definitiv strukturell Problemer. An da brauche mer och eng strukturell Léisung. Wat maache mer elo, oder wat bidde mer un? Dat heescht een neie Subsidforme fir eis Veräiner. Mir nennen et 'Mäi Veräi lieft Sport'."
Zil wier et, d'Veräiner ze stäerken.
"Dës Reform baséiert op véier Haaptpilieren: d’Integritéit am Sport stäerken, d’Qualitéit vum Encadrement stäerken, d’Offer developpéieren an d’Veräiner am Allgemenge stäerken."
Esouwäit d'Sportsministesch Martine Hansen.