Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  David Ianni - Piano Songs, Op. 112, VI. Anytime - David Ianni (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nei däitsch Regierung wëllt Grenzkontrolle verschäerfen

Däitsch-Lëtzebuergesch Grenz

Nei däitsch Regierung wëllt Grenzkontrolle verschäerfen

Déi nei däitsch Regierung wëll bekanntlech d‘Grenzkontrolle mat de Nopeschlänner verschäerfen- also och mat Lëtzebuerg. Déi däitsch Bundespolizei sot eis, tëschent dem 16. September zejoert an dem 1. Mäerz dëst Joer hätte 451 Persounen un der Grenz d‘Arees vu Lëtzebuerg an Däitschland refuséiert kritt.

auto_stories

1 min

Weider wieren un der Grenz 751 illegal Areesen erfaasst ginn.

Am 100,7-Interview sot de lëtzebuergeschen Inneminister Léon Gloden, datt hien op eng gutt Zesummenaarbecht mat sengem neien däitschen Homolog Alexander Dobrindt hofft. Wat d'Verlängerung vun de Grenkontrollen ugeet huet den CSV-Minister awer op de Schengen-Kodex verwisen, laut deem d'Kontrolle maximal zweemol verlängert kënne ginn.