Educatioun

Campus vum neie Sportlycée zu Mamer soll Schoul, Sport a Wunne vereenen

D'Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Baute Yuriko Backes huet haut an der Chamberkommissioun de Gesetzesprojet zum neie Sportlycée zu Mamer presentéiert. De neie Campus - zu dem och en Internat gehéiert - soll Plaz fir 646 Schülerinnen a Schüler bidden.

auto_stories

1 min

© Screenshot: chd.lu
(Foto: Screenshot: chd.lu)

Andeems een op engem Campus souwuel d'Schoul, wéi och d'Sportsaktivitéiten an en Internat konzentréiert, géif een déi beschtméiglech Viraussetzunge schafe fir dass d'Schüler:inne souwuel schoulesch wéi sportlech gutt ofschneiden. 

Bis ewell hätt de Sportlycée all Woch eng 60 Navetten agesat fir déi jonk Sportler:innen op 15 verschidde Sportsitten ze féieren. Mam neie Campus sollen d'Trajete reduzéiert ginn. Dee wier och excellent un den ëffentlechen Transport ugebonnen esou de Ministère a sengem Communiqué.

Infrastrukture kommen un d'Limitten

Zënter dass de Sportlycée seng Dieren opgemaach huet ass d'Zuel vun de Schüler:inne vun 318 op 506 eropgaangen. Mam neie Gebai um Site "An Hiwéng" zu Mamer ass esouguer Plaz fir 646 Schülerinnen a Schüler, déi op 27 Klassen opgedeelt ginn.

Och dat aktuellt Internat wat um Site vum INS um Cents steet, hat just Plaz fir 49 Persounen. Zu Mamer soll d'Internat op 160 Better wuessen. 

307 Milliounen Euro, 3 Sportshalen an 1 Schwämm

Nieft de Schüler:inne vum Sportlycée soll zu Mamer och Plaz fir 520 Athleet:inne vun 21 verschiddene Federatioune sinn. Si all kënnen dann ënnert anerem op 3 Sportshalen, eng Schwämm, eng Liichtathleetikspist an 3 Beachvolleyballterrainen trainéieren. 

D'Käschte fir de gesamten Infrastrukturprojet ginn den Ament op 307,7 Milliounen Euro chiffréiert.