Resonanzen

Neies entdecken an ee Gebuertsdag

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voller musikalesche Momenter.

auto_stories

2 min

headphones

60 min

play_arrow

"Wou d'Uelzecht - Stad" - Dat Onsiichtbaart, siichtbar maachen

Et ass den zweete Soundwalk vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der Englescher Poetin S.L. Grange. Mam eegenen Handy a Kopfhörer kann een duerch de Gronn trëppelen an iwwer 13 Statiounen d'Geschichte vum Quartier entdecken. Esou soll den onsiichtbare Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg nees méi visibel gemaach ginn. De Soundwalk ass iwweregens gratis a kann zu all Zäit gemaach ginn, ob aleng oder an der Grupp. D'Marie Trussart ass mat der Komponistin am Gronn getraff a krut lauter spannend Geschichten erzielt.

Lauschterenplay_arrow

Klassik Album vun der Woch - Glass Two

Den neien Album vum Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken ass eng Hommage un de Philip Glass. An ee Choix, op dee mir dëse Summer a Resonanzen zeréckkucken a lauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Den 132. Gebuertsdag vun der Lili Boulanger

D’Lili Boulanger gëtt op engem 21. August 1893 zu Paräis gebuer. Duerch hiert Ëmfeld gëtt kloer: d’Musek wäert si hiert ganzt Liewe laang beschäftegen. D’Lili Boulanger huet musikalesch immens grousse Succès. Si schreift sëllege Wierker, léiert Piano, Gei, Cello, Harf, Uergel, Kontrapunkt a Kompositioun. An si gëtt déi éischt Komponistin, déi mam Prix de Rome ausgezeechent gëtt; dem renomméiertste Kompositiounspräis vun der Welt! An trotzdeem weist d’Liewen der Musekerin och ëmmer nees déi aner Säit vun der Medaile. D’Lili Boulanger ass hiert Liewe laang gesondheetlech ugeschloe. 
Mir maachen ee Réckbléck vun der Musekerin an hirem Liewen.

Lauschterenplay_arrow

Lauschterenplay_arrow