Eng Biographie iwwert e Museker, de grad emol 32 Joer huet? Esouguer bei engem Phenomeen wéi dem Kit Armstrong mécht dat net vill Sënn. Der Inge Kloepfer hiert Buch ass dann och éischter eng Bestandsopnam vun der Entwécklung vun engem aussergewéinleche Mënsch, e Museker an Naturwëssenschaftler, deen als Jugendleche quasi schonn alles erreecht hat.
Wéi ass esou eng Entwécklung ze erklären? Wéi eng Zieler bleiwen, wann ee mat Mëtt 20 schonn um Zenit ass?
De Guy Engels huet d’Buch gelies.