National

Neit Gesetz fir Dokteraarbechten suergt op der uni.lu fir vill Opreegung

Kuerz virun der Summerpaus ass en neie Gesetzestext zur Missioun vum Fonds national de la Recherche vun der Chamber ugeholl ginn. Wat do genee dra steet, war am Ëmfeld vun der Uni Lëtzebuerg wéi et schéngt villen net bekannt – dobäi huet et staark Auswierkungen op d’Fuerschung zu Lëtzebuerg.

auto_stories

7 min

© picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Daniel Schoenen)

Der Fuerschungswelt hei am Land gouf d'Envergure vun dësem neie Gesetz eréischt no der Rentrée bewosst - ënner anerem wéinst engem “Fräie Mikro” vum pensionéierte Geschichtsprofesser Michel Pauly bei eis op der Antenne.

De fréieren Aarbechtskolleeg vu ville Fuerscher:innen op der Universitéit Lëtzebuerg hat hei gesot, d’uni.lu "géif zu enger technescher Héichschoul degradéiert ginn, wou d’Proffen nach just d’Aarbecht vun Entreprisen dierfe bewäerten a mat engem Dokterdiplom sanktionéieren".

Den Titel vum Bäitrag ass “Eng Fuerschungsuniversitéit ouni Doktoranden”. 

Aus alle Wolleke gefall

100,7-Informatiounen no wiere sëllege Professere vun der Uni Lëtzebuerg aus alle Wolleke gefall, wéi si gewuer gi sinn, wat dësen neie Gesetzestext fir d'Fuerschung bedeit. 

Eng Persoun sot suguer, am éischte Moment wier een dovun ausgaagen, datt et sech ganz einfach ëm e Feeler handelt, deen an de Gesetzestext eragerutscht wier. 

D'Geschichtsprofessesch Sonja Kmec erzielt, si hätt et als eng grouss Iwwerraschung wouer geholl.

"Also mir haten am Virfeld jiddefalls guer net doriwwer geschwat oder sinn iergendwéi informéiert ginn op iergendengem Niveau. Dat war schonn eng kleng Bomm, déi do geplatzt ass"

En Gros geet et bei deem neie Gesetz ënnert anerem em d’Fërderung vun individuellen Dokteraarbechten iwwer de Fonds national de la recherche. D’Gesetz gesäit nei Conditioune vir, an déi suergen an der Fuerschungswelt fir Kapprëselen.

De Programm vun den "AFRen" hätt net nëmmen den Numm geännert, mee vun der Uni Lëtzebuerg aus kéint een esou Projeten elo guer net méi ëmsetzen, kritiséiert d'Geschichtsprofessesch Sonja Kmec. 

Just nach an Zesummenaarbecht mat Entreprisen

Hei muss ee wëssen, datt et verschidden Zorte vun Dokteraarbechte ginn. Aarbechten, déi am Kontext vun enger grousser Fuerschungsaarbecht op der Uni oder an den ëffentleche Fuerschungszentre gemaach ginn, sinn net betraff - dofir awer individuell Dokteraarbechten, déi vun den Doktoranden ausginn.

Individuell Dokteraarbechte ginn dem neie Gesetzestext no zu Lëtzebuerg just nach gefërdert, wa se a Kooperatioun mat enger agreéierter Entreprise gemaach ginn.

Wann dës Conditioun net erfëllt ass, besteet just d’Méiglechkeet fir eng Ënnerstëtzung ze kréien, wann d’Aarbecht op enger auslännescher Uni absolvéiert gëtt.

Student:inne géifen an hirem Äifer gebremst ginn

Dobäi wieren eebe grad déi individuell Aarbechten fir d’Wëssenschaft essentiell, seet de Georg Mein, Professor fir Literatur op der Uni Lëtzebuerg. 

"Wissenschaftliche Innovation entsteht ja immer dort, wo eine spannende Frage auftaucht. Wo man an einem Problem arbeitet, wo man Lösungen findet, die man vorher vielleicht gar nicht so gesehen hat. Wo man Sachzusammenhänge entdeckt, die man vorher gar nicht so gesehen hat."

Dës Fuerschunge géifen vum Interessi vun de Student:innen gedriwwen ginn: Just zwee bis fënnef Prozent géif iwwerhaapt dofir brenne fir esou Etüden duerchzeféieren. Nieft der Begeeschterung fir d'Fuerschung misst een och iwwerhaapt mol den Niveau hunn.

"Ich sage immer, das sind wahrscheinlich fünf bis zwei Prozent eines Jahrgangs, die überhaupt das Zeug dafür haben, das wissenschaftliche Niveau dafür haben, die überhaupt das Interesse haben, die dafür brennen."

Esou vill Leit sinn deemno guer net vun dëser Ännerung betraff. An och ënner dem ale System wier et immens kompetitiv gewiescht an deemno schwéier ranzekommen, wéi eng Partie Proffen am Gespréich mam 100,7 erklären  - an awer: Elo wier dës Dier komplett zou. 

D'Enttäuschung ass grouss 

D’Sonja Kmec huet zum Beispill schonn dacks Kandidature fir dëse Finanzement agereecht. Dëst Joer huet si sech driwwer gefreet, datt eng vun den Aarbechten, déi si betreit, zeréckbehale gouf. Datt dat déi lescht Kéier wäert sinn, wosst si do nach net.

"Dat heescht d’Leit hu wierklech ee Sujet, deen si wollten ënnersichen, developpéiert an ee Projet driwwer geschriwwen dee Kapp a Fouss misst hunn"

Tendenziell wier d'Engagement vun de Student:inne bei esou Projeten immens grouss an d'Ausganssituatioun wier anescht wéi bei deenen, déi d'Proffen ausgeschafft hunn an dann ubidden. 

"Dat hei ass wierklech méi eng intrinsesch Motivatioun, dat ass mol meng Erfarung, an dofir fannen ech dat immens schued, dass et dat elo net méi gëtt. "

Kee Vertrauen an déi eegen Uni? 

Bei enger Kooperatioun mat enger Entreprise ass esou eng Hëllef also weiderhi méiglech, an och an d’Ausland kann een nach ëmmer goen. D'Motivatioun hanner dëser Ännerung ka kee vun de Proffen, mat deenen den 100,7 geschwat huet, sech esou richteg erklären. 

De Georg Mein seet, hie géif natierlech och d'Fërderung vu Promotiounsprojeten am Ausland ënnerstëtzen. Datt d'Politik der eenzeger Uni hei am Land dës Méiglechkeet entzitt, kann hie beim beschte Wëllen net verstoen. 

"Also entweder hat man kein Vertrauen in die Institution, glaubt man denn, dass die Universität Luxemburg schlechter ist als die Universität Trier oder Metz oder Koblenz? Das glaube ich nicht. Wir sind eine extrem forschungsstarke Universität mit exzellenten Wissenschaftlern. Dass man dann die Förderung an der eigenen Universität ausschliesst halte ich für problematisch."

Héichschoulministère: uni.lu gouf consultéiert

Den Héichschoulministère gesäit dat Ganzt anescht a seet, et géifen och weiderhi ganz vill Dokteraarbechten ënnerstëtzt ginn. Wat elo déi individuell Aarbechten ugeet, gëtt de Ministère zou, datt verschidde Fuerschungsberäicher sech net fir Kooperatioune mat Entreprisen eegenen - zum Beispill an de Geeschtes- a Sozialwëssenschaften.

D’Doktorande kéinte fir eng individuell Hëllef jo dann an d’Ausland goen. Fir de Lëtzebuerger Fuerschungsstanduert wier et net just vu Bedeitung, déi national Fuerschung ze stäerken, mee och déi international Mobilitéit an den Austausch vu Wëssen ze fërderen, argumentéiert de Ministère. 

Hei ass deemno kee Mëssel geschitt, wéi vu verschiddene Proffen uganks ugeholl ginn ass. De Ministère seet och, datt d’Uni am Virfeld consultéiert gi wier.