De Markus Brönnimann ass net nëmme Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker zanter 1998, mee och Komponist. De 5. Februar war d'Première vu sengem éischten Orchesterwierk "Albula", mam OCL an dem Bertie Baigent an der Philharmonie. Doranner geet et op eng Biergwanderung an der Schwäiz, der Heemecht vum Museker. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit hien ënnert anerem iwwert seng Kandheet an de Schwäizer Bierger an ob et fir hien ee Minimum u Wanderunge gëtt pro Joer, fir sech gutt ze spieren.
Albula
Neit Orchesterwierk vum Markus Brönnimann
"Albula" ass e Wierk wat ee mathëlt op eng musikalesch Wanderung an d'Schwäizer Bierger, do wou de Markus Brönnimann opgewuess ass.
auto_stories
1 min
headphones13 min
Markus Brönnimann (Foto: Radio 100,7)