Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Divertimento a Mi bémol Mineur, KV 563, III. Menuetto - Trio Oreade

play_arrow Live
opus

/ Neiwalen an Däitschland den 23. Februar

No Platze vun der Ampelkoalitioun

Neiwalen an Däitschland den 23. Februar

An Däitschland wäerten den 23. Februar Neiwale sinn. Wéi d‘Noriichtenagence mellen, hätten d‘Fraktioune vun der Unioun an der SPD sech elo de Moien op deen Datum gëeenegt. Déi definitiv Decisioun misst awer de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huelen, heescht et.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Carsten Koall
Foto: picture alliance/dpa | Carsten Koall

De Bundeskanzler Olaf Scholz wollt jo réischt am Mäerz Neiwalen, huet awer schlussendlech dem Drock vun der Oppositioun missten noginn, fir se schonn éischter festzeleeën. Dat nodeems jo seng Ampelkoalitioun zu Berlin geplatzt ass.