Nervegëft-Affär a Groussbrittanien: Putin moralesch responsabel
An der Vergëftungs-Affär mam russesche Nervegas Nowitschok 2018 a Groussbritannien huet eng brittesch Enquête de Wladimir Putin responsabel gemaach. De russesche President géif déi moralesch Responsabilitéit droe fir den Dout vun där 44-Joer aler brittescher Fra Dawn Sturgess.