De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller ass ee bekannt Gesiicht an der nationaler, mee och internationaler Klassikzeen. Zënter Joerzéngten ass de Museker op ville Bünen ënnerwee.
Esou och an der neier Saison, an där nees eng Rei Concerte programméiert sinn.
Dëse Sonndeg de 17. August steet ee Concert am Kader vum Moselmusikfestival un. Dem eelste Museksfestival a Rheinland-Pfalz, wou de Lëtzebuerger Pianist eng zweete Kéier optrëtt.
Dat ass fir ee Kënschtler souwisou d'Zil, dass ee spillt, dass dat gutt ukënnt an een däerf rëmkommen.
Et ass eng Éier fir dierfen dobäi ze sinn. - Jean Muller
Och ee Concert den 22. September an der Philharmonie ass programméiert zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg, der Chorale Mixte vum Stater Conservatoire an der Maîtrise aus der Stater Kathedral.
"Ech muss d'Musek spieren"
Dem Jean Muller ass virun allem d'Programmatioun vun der Concerte wichteg. Säi kënschtleresche Credo wier et, esou de Museker, sech an de jeeweilege Komponist oder d'Komponistin eranzeversetzen. Wéi dat an der Praxis ausgesäit a wéi eng Concerte positiv ma och negativ aus deene leschte Joren an Erënnerung bleiwen, huet de Museker am Gespréich verzielt.