Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Marc Mellits - Tapas, Seven - Amstel Saxophone Quartet

play_arrow Live
opus

/ Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Zwou Premièrë fir d'Edith Haller

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

D'Star-Sopranistin Edith Haller trëtt mam ONJ, dem Orchestre National des Jeunes du Luxembourg, fir d'éischt an hirer Karriär zu Lëtzebuerg op. Et ass och hiren éischte Concert mat engem Jugendorchester.

auto_stories

1 min

headphones

16 min

Edith Haller, Sopranistin | © Dagmar Hesse play_arrow
Edith Haller, Sopranistin (Foto: Dagmar Hesse)

D'Edith Haller ass eng bekannte Wagner-Interpretin, déi international vill gefrot ass. Si stoung schonn zu Bayreuth am Festspielhaus op der Bün an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert. Den 19. Abrëll kann een d'Südtirolerin elo fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewen, am Mierscher Theater. Do interpretéiert d'Edith Haller dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg.

De Christophe Mirkes huet am Virfeld e Gespréich mat der Edith Haller gefouert an deem si eis mat hëlt an d'Déifgrënnegkeet vun de Wagner-Operen. Si verréit och, datt et hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg a mat engem Jugendorchester ass. Dofir freet si sech op hiren Optrëtt zu Miersch ganz besonnesch.

Lauschterenplay_arrow

Weider Detailer iwwert de Concert fannt dir hei.

Lauschterenplay_arrow