Radioen

On air

Notturno  |  Franz Benda - Concerto fir Gei a La Majeur, L2.13, II. Adagio Poco Andante - Zefira Valova (Gei/Dir.), Il Pomo d'Oro

play_arrow Live
opus

/ No den Iwwerschwemmunge ginn elo déi Vermësste gesicht

Mat der Hëlef vun der Arméi

No den Iwwerschwemmunge ginn elo déi Vermësste gesicht

No de schroen Iwwerschwemmungen am Südoste vu Spuenien, mat op d‘mannst 95 Doudegen, geet d‘Sich no de Vermësste weider. Dat wier elo Prioritéit, sot d‘Verdeedegungsministerin Margarita Robles op der spuenescher Tëlee.

auto_stories

1 min

© EarthXPress / X
Foto: EarthXPress / X

Et géifen nach vill Mënsche vermësst ginn. Eng Zuel huet  Verdeedegungsministerin Margarita Robles awer net genannt, mee déi spuenesch Medie schwätze vun Dosende Mënschen.

Dat ganzt Ausmooss vun de Schied ass och um Donneschdegmëtten nach ëmmer onkloer. An der besonnesch staark betraffener Regioun Valencia, wou 92 vun de 95 Doudesaffer fonnt goufen, soll d‘Arméi elo hëllefen.

Déi spuenesch Regierung huet eng Staatstrauer vun dräi Deeg deklaréiert.

Iwwerdeems réckelt elo d‘Fro an de Fokus, ob d‘Autoritéiten d‘Leit net fréi genuch gewarnt hunn. De spueneschen Inneminister an de Regierungschef vun der Regioun Valencia gi sech elo géigesäiteg d‘Schold dofir. Déi éischt Warnunge wieren owes no 8 Auer erausgaangen, dobäi hätt de Wiederdéngscht scho moies fréi viru ganz staarkem Ree gewarnt.

D‘Iwwerschwemmunge goufen duerch extrem staarke Reen ausgeléist. Plazeweis wier souvill Ree gefall, wéi soss an engem ganze Joer. Op verschiddene Plaze méi wéi 400 Liter op de Meterkaree.