Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ No éischtem Sommet: EU a Golfstaate wëlle méi enk zesummeschaffen

Trotz villen Differenzen

No éischtem Sommet: EU a Golfstaate wëlle méi enk zesummeschaffen

Obwuel et vill Differenze ginn huet d’EU wëlles, méi enk mat de sechs gréisste Golfstaaten zesummenzeschaffen. Doriwwer si sech béid Säiten um Mëttwoch op hirem éischte Sommet eens ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ROPI | Lenoir/EUC
Foto: picture alliance / ROPI | Lenoir/EUC

D’Reunioun geet op eng Initiativ vum Conseilspresident Charles Michel zeréck. D’Zukunft vu béide Regioune wier enk matenee verbonnen, sou de Charles Michel gëschter um Mëttwoch no deem Sommet.

Et ginn ënnerschiddlech Vuen iwwert de Krich an der Ukrain, dowéinst war et net einfach, sech iwwert ee gemeinsame Conclusiounstext eens ze ginn.

Fir Kritik hat och d‘Presenz vum saudi-arabesche Krounprënz Mohammed bin Salman 6 Joer nom brutale Mord um Journalist Jamal Khashoggi am saudesche Konsulat zu Istanbul gesuergt. Den amerikanesche Geheimdéngscht geet dovun aus, datt de Krounprënz hannert dem Attentat steet. Dat saudescht Kinnekshaus weist dat zeréck.

De bin Salman soll iwwerdeems déi nächst Reunioun tëscht EU a Golfstaaten organiséieren. Si ass fir 2026 a Saudi-Arabien geplangt.