Weltraumfirma

No spektakulärem Gang op d'Bourse: Defizit vu 541 Milliounen Dollar fir SpaceX

Mat groussem Interessi hunn d‘Finanzmäert op d‘Resultater vun der US-amerikanescher Weltraumfirma SpaceX vum räichste Mann op der Welt Elon Musk gewaart. Et sinn déi éischt Trimesterresultater zënter datt SpaceX am Juni un d‘Bourse goung.

auto_stories

1 min

Elon Musk | © EPA/SAUL LOEB / POOL
Elon Musk (Foto: EPA/SAUL LOEB / POOL)

Nodeems d‘Firma do mat ganzer 1,8 Billiounen Dollar bewäert gouf, wollten d‘Mäert wëssen, op se och deementspriechend Gewënner ka liwweren. Mee d‘Resultater hunn d‘Investisseuren net iwwerzeegt.

Beim Ëmsaz huet SpaceX zwar geliwwert, deen huet sech mat 7,8 Milliarden Dollar verduebelt. Mee ënner dem Stréch bleift keen Nettobenefice, mee een Defizit vu 541 Milliounen Dollar.

D‘Aktie vu SpaceX sinn am Handel op der Bourse zäitweis ëm 8 Prozent gefall.