"Mir wëllen d'Leit esou erreechen, datt si an der Musek dra sinn. Esou, wéi wa si géifen e Film kucken", seet de Benedikt Wesner. Zesumme mam Pianist Philippe Beaujot interpretéiert hien e Mëttwoch 13. November am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck (CAPE) dem Robert Schumann seng Dichterliebe. Dem Enseignant am Conservatoire du Nord ass et dobäi wichteg net just d'Geschicht vum Protagonist an de Vierdergrond ze stellen, mä och déi méi déif Schichte vum Wierk, wéi hien dem Luc Boentges am Interview verzielt.
De Concert gëtt vum CMNord am Kader vun den Enseignantsconcerten organiséiert. Weider Detailer fannt Dir hei.