Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Frédéric Chopin - Nocturne Nr.1 a Fa Mineur, Op.55 - Marek Mizera (Piano)

play_arrow Live
opus

/ “Nom 8. Mäerz ginn d’Problemer vun der Inegalitéit dacks vergiess”

"inVISIBLE Women"

“Nom 8. Mäerz ginn d’Problemer vun der Inegalitéit dacks vergiess”

Concert am MUDAM organiséiert vun der Commission d’égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

Skerdi Zanaj | © Skerdi Zanaj play_arrow
Skerdi Zanaj (Foto: Skerdi Zanaj)

“inVISIBLE Women” ass de Motto vun engem Concert, deen d’Commission d’égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg den 22. Mäerz am MUDAM organiséiert. Net nëmmen de Grupp deen optrëtt, ass 100 % weiblech, mee et stinn och nëmme Komponistinnen um Programm. Ze héieren ass ënnert anerem Musek vun der Lili Boulanger an dem franséischen Impressionismus, bei déi grouss Lëtzebuerger Musekerin Lou Koster, bis bei déi zäitgenëssesch belsch Komponistin Line Adam.

D’Skerdi Zanaj huet dëse Concert op d’Bee gestallt. Si ass net nëmme Professorin fir Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, mee och nach Deleguée vun der Commission d’égalité du genre. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si ënnert anerem verroden, wéi wichteg et ass esou Concerten net nëmmen den 8. Mäerz ze organiséieren, a wéi d’Onvisibilitéit vun de Fraen net nëmmen an der Wëssenschaft siichtbar ass, mee och an der Welt vun der klassescher Musek. 

Lauschterenplay_arrow