Succès fir Lëtzebuerger Chouer

Nordvox elo an der internationaler Chouerlandschaft opgedaucht

Mat 25,42 Punkte konnt de Lëtzebuerger Chouer Nordvox beim Internationale Chouer Concours zu Riva del Garda gewannen. Mir hunn déi éischt Reaktioun vum Dirigent agefaangen.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Nordvox zu Riva del Garda als Gewënner an der Kategorie "Mixed Choir" play_arrow
Nordvox zu Riva del Garda als Gewënner an der Kategorie "Mixed Choir"

Jetzt ist dieser Chor plötzlich auf einer internationalen Landkarte der Chorlandschaft aufgetaucht und hat für Aufsehen gesorgt. Wir freuen uns natürlich, wenn wir jetzt Musik Made in Luxembourg auch international präsentieren können. - Matthias Rajczyk, Dirigent vun Nordvox

Mat enger Ekipp vu 35 Sängerinnen, Sänger an Dirigent huet sech de Lëtzebuerger Chouer Nordvox aus dem Conservatoire du Nord den 1. Abrëll fir den International Choir Festival & Competition zu Riva del Garda an Italien op de Wee gemaach.
Et war déi éischte Kéier, datt Nordvox un dësem Concours deelgeholl huet; an dat ganz erfollegräich als Gewënner an der Kategorie A1 "Mixed Choir" (gemëschte Chouer)
Den Dirigent Matthias Rajczyk huet dem Lex Kauffmann um Wee fir zeréck op Lëtzebuerg vun dësem emotiounsvolle Moment erzielt. Besonnesch déi lescht 24 Stonne ware voller Emotiounen


Ja, die waren natürlich wahnsinnig aufregend, ganz viele Emotionen. Man ist da ganz ohne Erwartung hingefahren, weil es ja schließlich auch das erste Mal ist, dass man sich einem internationalen Wettbewerb gestellt hat und auch noch mit einem Chor, der ja noch nicht so lange existiert. (...) Und als wir dann aus dem Jurygespräch herauskamen und mit Lob überhäuft worden sind, da haben wir erst realisiert, dass es wohl besser war, als wir gedacht haben. Am Ende wurde es dann tatsächlich sogar der Sieg. 

Et huet ee vill am Virfeld geprouft, ausprobéiert an natierlech och gehofft, dass um Enn eng gutt Plaz rauskënnt. Dëse Mëttwoch am Nomëtteg war dunn de Concours mat uschléissender Ukënnegung vun de Resultater.

Und dann als dann der Zweitplatzierte vorgelesen worden ist und unser Name dann immer noch nicht gefallen ist, dann haben wir so langsam realisiert, dass es dann jetzt wirklich passiert. Dann ist der Name verlesen worden und dann sind auch bei den Sängerinnen und Sängern natürlich alle Dämme gebrochen und Jubel und auch die kleine luxemburgische Fandelegation hat sich dann besonders gefreut.

Besonnesch gouf de Choix vum Programm vun Nordvox gelueft, deen da wuel och de Grond fir déi éischt Placéierung war. Si hunn a verschiddene Sprooche gesongen, däitsch Chouerromantik, italieenescht Madrigal, zäitgenëssesch schwäizer Musek an och een indoneesescht Vollekslidd. Dëse Choix koum bäi Jury a Publikum um Enn dann och gutt un.

Ich glaube, unsere Stärke ist tatsächlich, dass wir sehr gut da drin sind, uns auf den jeweiligen Sound der Stücke einzustellen und sozusagen dann in der Musik das zu finden, was besonders ist. 

Lauschterenplay_arrow