Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.2 a Fa Majeur, K280, I. Allegro assai - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
search

/ Notturno - déi perfekt musikalesch Fusioun

Klassik Album vun der Woch

Notturno - déi perfekt musikalesch Fusioun

De neien Album vun der Geeistin Eva Zavaro an dem Pianist Clément Lefebvre mat Musek vum Gabriel Fauré a Karol Szymanowski

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

E jonken Duo mat enger perfekter Fusioun

D'Geiistin Eva Zavaro an de Pianist Clément Lefebvre si 1989 a 1995 gebuer an hunn allen zwee ënnert anerem um Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse de Paräis studéiert. De Pianist ass do aktuell och Professeur Assistant. D'Geiistin ass aktuell zu München an der Klass vun der weltberüümter Geiistin Julia Fischer. Dat heiten ass hiren alleréischte gemeinsamen Album, mee si kennen sech scho laang an och musikalesch si si ganz verbonnen. Et ass hei keen üblechen Duo, mee eng richteg Fusioun.

Begéinung vun zwee Komponisten

De Karol Szymanowski an de Gabriel Fauré sinn allen zwee am 19. Joerhonnert op d'Welt komm, mee et ass net kloer ob si sech jeemools begéint sinn. Op dësem Album ass et esou wéi wa si musikalesch beienee fannen. D'Eva Zavaro an de Clément Lefebvre bréngen et fäerdeg, déi verschidde Wierker wéi aus engem Otem ze spillen. Alles ass romantesch, voller Dramatik a voller Gefiller.

"(Don't) judge a book by its cover"

Hautdesdaags kafe jo méi a méi Leit keng CDe méi, mee lauschteren nei Alben online. Hei lount et sech awer, wärend dem Nolauschteren och d'CD Bichelchen ze bewonneren. Et seet ee jo "Don't judge a book by its cover", mee hei wier et nëmmen erwënscht de Cover urzeteelen. De Cover wéi och dat ganzt Bichelchen, gesinn immens uspriechend a schéin ass. E weideren Highlight vum CD Bichelche sinn och d'Fotoe vum Duo, déi engem scho mol ee gudden Abléck an hir musikalesch Fusioun ginn.