Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.