De Smail Suljic Generalsekretär fir Gesondheet a Soziales beim OGBL weist sech enttäuscht iwwer dat Resultat, seet awer et hätt nach méi schlëmm kéinte sinn. Et wier een als OGBL mat de Personaldelegéierten trotzdeem gutt opgestallt.
Wou ass d'Vertraue vun de Wieler:innen?
De Smail Suljic géif verstoen, datt d’Wieler:inne veronséchert gewiescht wieren.
“Eng Rei vum Personal war sech net méi sécher, wat elo richteg a falsch ass.”
Et kéint sinn, datt d’Personal vun HUT onzefridde mam OGBL wier. Et misst een awer Bedenken, datt een trotzdeem nach 50 Prozent vun de Stëmme krut hätt.
Och fir eng Gewerkschaft eng nei Erausfuerderung
D’Caritas-Kris wier eng Ausnamesituatioun zu Lëtzebuerg gewiescht, seet de Smail Suljic, och fir den OGBL wier dat eng nei Erausfuerderung gewiescht.
Den OGBL huet iwwerdeems um Aarbechtsgeriicht Recours ageluecht. Hirer Meenung wieren déi Walen net néideg gewiescht. Den OGBL hält dru fest, datt et deemools en Transfert d’entreprise hätt misse sinn. A bei engem Transfert d’entreprise gëtt integral déi al Delegatioun mat an déi nei Entreprise iwwerholl oder mat enger bestoender fusionéiert.
En Datum fir d’Urteeler an dëser Affär ass nach net bekannt.