De Luc Frieden hat no engem oppene Bréif vun den ONGen op dës Entrevue agelueden. Et wier e positiven Echange gewiescht. Et wier een awer nëmmen um Ufank, seet den David Perreira, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg.
Wat ziele géif wier de Suivi, seet d’Blanche Weber. D’Presidentin vum Mouvement écologique seet, datt ee sech eens wier, datt d'Concertatioun mat der Zivilgesellschaft am Ablack net stattfanne géing.
"An dat ass elo positiv, datt de Premier gesot huet, hie géif eis wichteg fannen, mee da muss et sech elo erëmspigelen an der konkreeter Alldagsaarbecht vun alle Ministèren. An ech mengen, dat ass elo d'Essenz vum Suivi.”
Et wier an de nächste Méint eng weider Entrevue tëscht den ONGen an dem Premier Minister virgesinn.