Israel

Och Ägypte soll israeelesche Premier virum Terrorugrëff de 7. Oktober gewarnt hunn

De Chef vum ägyptesche Geheimdéngscht soll kuerz virum brutalen Terrorugrëff vun der Hamas an Israel gewiescht sinn an do den israeelesche Premier gewarnt hunn. Dat mellt d'US-amerikanesch Zeitung The Atlantic a berifft sech op international Regierungsvertrieder, dorënner och israeelescher.

auto_stories

1 min

© EPA/OHAD ZWIGENBERG / POOL
(Foto: EPA/OHAD ZWIGENBERG / POOL)

Manner wéi zwou Woche virum 7. Oktober 2023 soll de Chef vum ägyptesche Geheimdéngscht der israeelescher Regierung un d'Häerz geluecht hunn, der Hamas virun allem wirtschaftlech Zougeständnisser ze maache fir déi terroristesch Attack nach ze verhënneren.

De Chef vum Geheimdéngscht hätt am Resumé gesot, wann Israel esou géif weider maachen, da géif hinne Gaza ëm d'Ouere fléien, gëtt ee fréieren israeelesche Regierungsvertrieder zitéiert. 

Israeelesch Regierung dementéiert

Den 9. Oktober 2023 nach huet déi israeelesch Regierung behaapt, et hätt ee keng Warnung vun Ägypte kritt an et hätt guer keen Treffe mam Chef vum Geheimdéngscht stattfonnt. Dat wiere Fake News, esou de Premier Benjamin Netanjahu viru bal dräi Joer. Och d'Publikatioun vun The Atlantic vu gëschter gëtt dementéiert. 

Eréischt virun dräi Wochen hat och déi israeelesch Zeitung Haaretz een Artikel verëffentlecht, datt déi israeelesch Regierung vun de Vereenten Arabeschen Emirate gewarnt gi wier virun enger groussugeluechter Attack vun der Terrororganisatioun Hamas. Den Netanjahu huet och déi Informatiounen dementéiert an ugekënnegt, géint d'Zeitung ze kloen.