Allerdéngs huet den Olaf Scholz drop higewisen, datt d’Attacken duerch d’global Resonanz vu Medien a Plattforme wéi déi dem Elon Musk seng Plattform X en aneren Impakt hätten. Vill méi bedenklech wéi d’Beschëllegunge selwer fënnt Scholz, datt de Musk eng Partei wéi d’AfD ënnerstëtzt. Dës Partei géif d’Bezéiunge mat den USA schwächen an eng Unnäherung u Russland priedegt.
Den Elon Musk hat rezent net nëmme Walempfeelunge fir d’AfD ginn, mee och den Olaf Scholz an de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier op der Plattform X verbal ugegraff.