Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat Nr.11 a La Majeur, K331 "Alla Turca", III. Alla turca - Allegrino - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ FEDIL: Onsécher geopolitesch Situatioun huet en negativen Impakt op d'Wirtschaft

Industriellefederatioun

FEDIL: Onsécher geopolitesch Situatioun huet en negativen Impakt op d'Wirtschaft

Déi international geopolitesch onkloer an onsécher Situatioun huet een Impakt op déi europäesch an op déi Lëtzebuerger Wirtschaft. D’Gidder an d’Servicer géife manner gutt zirkuléieren an et misst ee virsiichteg sinn a sech adaptéiere fir duerch déi onroueg Gewässer kënnen ze navigéieren. Dat sot de President vun der Industriellefederatioun Georges Rassel den Donneschdeg op der Neijoerschreceptioun vun der Fedil.

auto_stories

1 min

Eng grouss Inconnu bleiwen och déi zukünfteg kommerziell Reegelen an Taxen déi den US-President Donald Trump wäert aféieren.

Ee weidere Problem wier awer an der EU hausgemaach, esou den Georges Rassel, dee vun enger Iwwerreguléierung geschwat huet. D’EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola déi um Neijoerschpatt dobäi war, huet eng Vereinfachung vun de Reglementatioune versprach. Och de Premier Luc Frieden ass a senger Interventioun op de Besoin vun der Wirtschaft zréckkomm, déi duerch eng Iwwerreguléierung an der EU u Konkurrenzfäegkeet géife verléieren.