UPDATE // 08.08.2025

"Virum Gesetz, nom Gesetz - huet fir eis net ganz vill geännert"

D'Bilanz vum Marc Meyers, dem Direkter vum Stater Conservatoire: wéineg Ënnerscheed zënter dem Gesetz, finanziell eng liicht méi héich Participatioun vum Staat.

auto_stories

10 min

headphones

6 min

© Unsplash / Isaac Martin play_arrow
(Foto: Unsplash / Isaac Martin)

Evaluatioun vum Gesetz vum 27. Mee 2022 

5 Prozent Abandone géingen de Conservatoire du Nord ronn eng hallef Millioun Euro kaschten. Dat huet den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf an der zoustänneger Chamberkommissioun gesot a gefuerdert, datt de Staat déi Käschte sollt iwwerhuelen.

D’Gesetz huet d’Gratuitéit vu ville Musekscourse fir Schüler:innen ënner 18 Joer erméiglecht. Wéi et am Communiqué vun der Chamberkommissioun fir Educatioun heescht, briechen zanterhier “tëscht 2,5 an 10% vun de Schüler, jee no Schoul oder Conservatoire, de Cours am lafende Schouljoer of”.

Deemno misst den Taux am Conservatoire du Nord éischter als mëttlere Wäert agestuuft ginn.

Den opus 100,7 hat doropshi bei den zwee anere Conservatoiren a bei der UGDA Museksschoul, der gréisster Museksschoul am Land, nogefrot, wéi d'Situatioun bei hinnen ass. D’Artikele fannt dir hei:

UGDA Museksschoul

Escher Conservatoire

Dës Woch krute mir och d’Méiglechkeet mam Direkter vum Stater Conservatoire, dem Marc Meyers, iwwer d’Evaluatioun vum Gesetz ze schwätzen.

Niddregen Taux d'Abandons

De Stater Conservatoire huet mat 3 bis 3,5% Abandonen e weiderhi stabillen Taux, deen am nationale Vergläich déif ass. D’Gesetz vum 27.Mee 2022 hätt dorop eigentlech och keen Afloss gehat.

Allerdéngs kéint een d’Abandone quasi zu 100% ersetzen, well d’Waardelëschten zimmlech laang sinn.

“Mir si bei iwwer 2000 Demanden, déi mir net kënne respektéieren. (Bei engem Abandon) ass direkt e Kandidat hannendrun, deen och da kann iwwerhuelen.” – Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire

Deemno wiere mëttlerweil verschidde Coursen esou gefrot, datt et immens schwéier wier fir iwwerhaapt eng Plaz als Schüler ze kréien. Dat kéint dem Marc Meyers no eng Erklärung si fir d’Stabilitéit vum niddregen Taux d’Abandons.

“De Piano ass natierlech de Renner” - Marc Meyers

Am Moment waarde ronn 500 Leit dorop, Pianoscoursen am Stater Conservatoire kënnen ze kréien. D’Waardelëscht ass also laang. Och an de Sträicher ass eng gréisser Nofro ze spieren. Och am obligatoreche Fach "Formation Musicale" (Solfège) klëmmt d'Demande, virun allem am FM1.

Zënter der gebailecher Vergréisserung ass d’Zuel vun de Schüler:innen vun 2400 op gutt 4500 geklommen. Am selwechten Zäitraum vun ongeféier 12 Joer goufe 65 nei Enseignanten agestallt.

Reng vun der Statistik hir, kéint de Marc Meyers keen extra héijen Taux vun Abandonen an der Formation Musicale (Solfège) feststellen. Dat Fach gouf am Rapport vun der Chamberkommissioun nämlech als Haaptgrond fir en héijen Taux d’Abandons uginn.

Trotzdeem wier et awer néideg doriwwer nozedenken, de Cours un d’Besoine vun de Schüler:innen unzepassen.

“Den obligatoresche Charakter selwer (...) nach méi attraktiv maachen ... a probéieren dat Fach nach méi der Praxis ze orientéieren”. - Marc Meyers

De Bilan fir de Marc Meyers an de Stater Conservatoire:

D’Gesetz vum 27.Mee 2022 huet um weiderhi stabillen an niddregen Taux d’Abandons fir de Stater Conservatoire eigentlech näischt geännert.

Et wier insgesamt schwiereg iwwerhaapt eng detailléiert Rechnung opzestellen, déi Käschte mat Abandone verbënnt.

"Et gi sou vill Cas de Figuren (...) wou ech perséinlech Schwieregkeeten hunn, dass ee seet, et verbënnt een à l'absolue en Taux vun Abandonen duerno mat sou vill Suen. T'ass eng Rechnung, déi mir net gemaach hunn" - Marc Meyers

Do spillen nämlech Facteure wéi d'Käschte fir d'Gebai, d'Zur-Verfügung-Stelle vun Instrumenter oder d'Variatioun vun der Pai tëschent den eenzelen Enseignanten eng Roll. Och am Escher Conservatoire goufe mir dorop opmierksam gemaach, datt et net evident wier eng detailléiert Rechnung fir d'Käschte a Relatioun mat Abandonen opzestellen. Et kéint een et awer berechnen a Relatioun zum Subside, dee verluer geet wa Schüler:innen e Fach nom 15.November ofbriechen. (De System vum Finanzement a vun de Berechnunge vun de Subsiden fannt dir an eisem Artikel vum 30.Juli 2025 iwwert den Escher Conservatoire.)

Onofhängeg vum Gesetz gëtt et awer schonn zënter méi wéi 10 Joer eng Demande u Coursen, déi zimmlech staark klëmmt. Dofir sinn d’Käschte fir d’Infrastruktur an Enseignanten och vill an d’Luucht gaangen. Insgesamt kéint de Marc Meyers, wat d’Finanzen ugeet, awer eng positiv Tendenz feststellen.

Am ale System (virum Gesetz) hätt een ongeféier 24% vun de Käschte vum Staat rembourséiert kritt. Déi aner 76% goufe vun der Stad Lëtzebuerg iwwerholl.

“Mir si lo an engem Taux (vun de staatleche Subventiounen), dee méi héich ass, deen am Gaang ass ze klammen”. - Marc Meyers

Et wier een awer net wäit ewech vun deem alen Taux. Deemno hätt sech d’Situatioun fir de Stater Conservatoire net “dramatesch” verbessert, mee se wier insgesamt awer “liicht besser ginn”. Déi Verbesserung kéint och doru leien, datt déi staatlech Subventiounen elo net méi pauschal gedeckelt sinn, mee pro Minutt Cours berechent ginn.

Insgesamt wier den administrativen Opwand elo méi grouss, mee dofir wier de System zënter dem Gesetz awer méi transparent. Dat bitt de Gemengen méi Sécherheet beim Plangen.

“... scho praktesch an deem Moment, wou een et an de Logiciel agëtt, weess ee schonn (...) wat hannendrun als Subside mat erauskënnt.” - Marc Meyers


Wéi eng Ännerunge gi gemaach? Am parlamentareschen Dossier ginn d'Ziler vun der Adaptatioun vum Gesetz vum 27. Mee 2022 kloer definéiert.

  • Lockerung vun den Delaie fir Musekschoulen a Conservatoiren, fir méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun de Course vum Enseignement Musical ze garantéieren.
  • Déi staatlech Ënnerstëtzung fir de Finanzement vun der Course gëtt erhéicht.
  • D'Terminologie vum Gesang gëtt erweidert a spezifizéiert.

Wat bedeiten dës Ännerunge konkret?

Bei der Lockerung vun den Delaien handelt et sech eng Kéier ëm d'Date de Validatioun Nr.2 fir d'Schoulen. Mat där Validatioun deelen d'Schoulen dem Educatiounsministère mat, wéi vill Schüler definitiv an de Coursen ageschriwwe sinn, nodeems d'Abandonen duerch Remplaçantë vun de Waardelëschten ersat goufen. Op Basis vun där Validatioun gëtt dann de Subside vum Ministère berechent.

Dësen Datum gëtt an der Modifikatioun vum Gesetz vum 15. November op den 31. Dezember geréckelt. Dat bedeit, datt d'Schoule méi Zäit hunn, fir méi staatlech subventionéiert Minutte mat Remplaçant-Schüler:innen gefëllt ze kréien.

D'Gemengeréit, respektiv d'syndicats de communes sollen dem Gesetz no virum 1.September zesummekommen, fir d'Organisatioun vum Schouljoer, dat usteet, ofzeschléissen. Ännerunge konnte bis elo bis den 1.Dezember eragereecht ginn. Dësen Delai ass elo op de 15. Januar no hanne geréckelt ginn.

De System vum Finanzement

Et gëtt 3 Stufen u Validatioune, déi hei a kuerzer Form erkläert sinn:

  • 15. September: d'Schoul gëtt hir Lëschte beim Ministère mat den ugemellte Schüler:innen fir d'Schouljoer eran.
  • 15. November (ab 25/26 den 31. Dezember): D'Schoul reecht eng adaptéiert Lëscht eran, op där d'Abandonen erausgeholl goufen an d'Remplaçantë vun der Waardelëschten nogeréckelt sinn. Op Basis vun dëser Validatioun gëtt déi staatlech Subventioun fir d'Schoul berechent. All d'Käschte vun den Abandonen, déi nom 15.November (respektiv 31.Dezember) ofbriechen, musse vun de Gemengen iwwerholl ginn.
  • 01. Oktober vum Joer duerno: d'Schoul schéckt dem Ministère d'Lëscht mat alle Schüler:innen eran, déi d'Schouljoer bis zum Schluss fäerdeg gemaach hunn.

Méi finanziell Ënnerstëtzung

Eng Fuerderung vum SYVICOL (Syndicat des Villes et Communes luxembourgeoises) war fir déi staatlech Subventiounen un d'Präisdeierecht (Indice pondéré du coût de vie an d'élevation des salaires) unzepassen. Deem ass de Ministère och no komm.

D'Subventioune ginn op d'enseignéiert Minutt pro Schouljoer berechent.

Den Taux klëmmt ëm 37,37% vun 30€ op 41,32€ fir d'Course vun deenen ënneschten Niveauen an d'Adultecoursen. Fir d'Divisions moyennes, spécialisées a supérieures gëtt den Taux ëm 20,6% gehuewen. Domat ginn also d'Coursë fir d'Ufänger proportionell am meeschte subventionéiert.

Ännerunge beim "Chant"

Zu gudder Lescht gëtt et dann och eng Ännerung bei de Gesangscoursen, och wann déi méi kleng ausfält. 

De Begrëff "Chant" gëtt ëm zwee Fächer erweidert: Bis ewell wor de Finanzement Chant classique, chant moderne a chant jazz ausgeriicht. De chant moderne gouf duerch chant rock/pop ersat, an et koumen zwee Fächer dobäi: de chant baroque, an de chant musical.

De Projet de loi gouf deposéiert a gëtt an enger zweeter Instanz vum Staatsrot iwwerpréiwt.

Weider Artikelen a Relatioun mam Gesetz vum 27. Mee 2022

22.Juli 2025: Evaluatioun vum Gesetz an der Komissioun fir Educatioun an der Chamber mam Beispill vum Conservatoire du Nord

25.Juli 2025: Reaktioun vun der UGDA Museksschoul

30.Juli 2025: Reaktioun vum Escher Conservatoire

8.August 2025: Reaktioun vum Stater Conservatoire

Update: 1.12.2025

Lauschterenplay_arrow