Radioen

On air

De barocke Moien  |  Camillo Schumann - Drei Vortragsstücke, Op. 82, III. Jagdstück - Leo Halsdorf (Cor), Kae Shiraki (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Op der selwechter Wellelängt

Klassik Album vun der Woch

Op der selwechter Wellelängt

De Pianoduo Yi Lin Jiang a Jacopo Giovannini huet en Album mat Musek iwwert d’Waasser opgeholl

auto_stories

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Musek inspiréiert vum Waasser

Vill Komponistinnen a Komponisten si faszinéiert vum Waasser, a schreiwe Musek inspiréiert vun deem grousse bloen Element. Ënnert hinne sinn de Maurice Ravel, de Nikolai Rimsky-Korsakov an den Ottorino Respighi. Musek vun deenen dräi ass och um neien Album “H2O” drop. De Yi Lin Jiang an de Jacopo Giovannini hunn hiren neien Album fir de Weltdag vum Waasser opgeholl – deen ass den 22. Mäerz.

 

Zwee jonk an talentéiert Pianisten

De Jacopo Giovannini fänkt scho mat véier Joer u, Piano ze spillen. Ee Joer drop gewënnt den italieenesche Pianist säin éischten internationale Musekspräis. De Yi Lin Jiang léiert nieft dem Piano och Klarinett, a gewënnt ënnert anerem den éischte Präis beim Carl Schröder Concours. Do huet hien dem Mozart säi Klarinetteconcerto gespillt – ganz passend, well de Yi Lin Jiang ass och an der Mozartstrasse zu München op d’Welt komm.

 

D’Musek fléisst wéi Waasser duerch een eenzege Piano

De Yi Lin Jiang an de Jacopo Giovannini spillen net op zwee verschiddene Pianoen, mee op engem eenzegen. Dat léisst d’Musek iwwert d’Waasser nëmmen nach méi fléissend a natierlech klengen. Déi zwee Pianiste schwammen definitiv op der selwechter Wellelängt. E Bonusinstrument ass och dobäi – eng kleng Cymbale steet um Piano, soudass de Yin Lin Jiang bei verschiddene Stécker dat gewëssent Extra dobäigëtt.

 

E neie Label als Anker

De Yi Lin Jiang ass net nëmme Pianist, mee hien huet och säin eegene Label gegrënnt. Wärend der COVID Pandemie huet de jonke Pianist “ANCLEF” an d’Welt geruff – ee Label, deen e “sécheren Hafe fir individuell Musekeri.innen déi och bereet si géint de Stroum ze schwammen”, soll sinn. “ANCLEF” ass och eng Mëschung vun “anchor” a “clef”. Dëse neien Album ass och ënnert dësem Label erauskomm. 

  Lauschterenplay_arrow