Radioen

On air

Notturno  |  Johann Sebastian Bach (arr. Olivier Fourés) - Passacaglia a Fugue an Do Mineur, BWV 582 - Le Concert Idéal, Marianne Piketty (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Opera GO

Klassik Aktuell

Opera GO

Eng musikalesch Juegd op Schätz duerch d'Alstad fir Operen ze fannen an ze entdecken - änlech wéi Pokemon GO

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

“Pokemon GO” ass ee Spill um Handy, bei deem een unhand vun Augmented Reality Pokemonen afänke kann - mee de Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek Lucilin huet zesumme mat der Volleksbuehn aktuell e Projet mam Numm “Opera Go”. Do geet een duerch d’Stad op eng Zort Juegd no Schätz, an et fänkt ee souzesoen Operen a fir se ze lauschteren an ze entdecken. Deel vun dësem Projet ass och e Live-Concert vu Lucilin - an zwar am Café De Gudde Wëllen an der Stad. Dës Woch ass dat nach dräimol - an de Jeff Schinker huet sech dofir mat der Metteuse en Scène Anne Simon ënnerhalen - fir d'éischt doriwwer, datt dëse Projet gutt bei d'Projete passt, déi d'Volleksbün wärend der Pandemie op d'Bee gestallt huet.

Lauschterenplay_arrow