Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Camille Saint-Saëns - Danse Macabre, Op.40 - Salut Salon

play_arrow Live
search

/ Opera Night an der Philharmonie

Klassik-Aktuell

Opera Night an der Philharmonie

Passend zum Weltdag vun der Oper lueden d'Solistes Européens, Luxembourg (SEL) op eng Opera Night an. Gaascht ass de franséischen Tenor Benjamin Bernheim.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Haut ass den internationalen Dag vun der Oper. An den Owend um hallwer 8 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg e Concert an der Philharmonie mam Motto “Opera Night”. Ënner der Baguette vum Christoph König begleeden si de franséischen Tenor Benjamin Bernheim mat Ouverturen an Arien aus bekannte Bünewierker. D’Marie Trussart huet mam Chefdirigent iwwer de Programm vum Owend geschwat a wéi d’SEL vir hunn, hiren eegene Bäitrag zum Museksliewen zu Lëtzebuerg ze leeschten. Ticketen an de Programm vum Concert fannt Dir op der Websäit vun der Philharmonie.

Lauschterenplay_arrow