Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  

play_arrow Live
opus

/ Sportler:innen kritiséieren FLTT fir ëffentleche Blâme fir d'Sarah de Nutte

FLTT géif sech selwer schueden

Sportler:innen kritiséieren FLTT fir ëffentleche Blâme fir d'Sarah de Nutte

An engem oppene Bréif reagéieren haut 35 Sportler:innen an Ex-Sportler:innen, an der Haaptsaach Dëschtennisspiller:innen, op den ëffentleche Blâme fir d’Sarah de Nutte. Deen krut si virun 8 Deeg am Zesummenhank mat hiren Aussoe bei den Olympesche Spiller zu Paräis vum Comité-directeur vun der Dëschtennis-Federatioun ausgesprach.

auto_stories

1 min

Sarah de Nutte | © picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

Deen oppene Bréif ass ënner anerem un de Sportminister Georges Mischo an un de COSL geriicht. Am Schreiwes geet vu Selbstjustiz vun der FLTT Rieds. D’Dëschtennis-Federatioun géif keng Kritik, keng eege Meenung a keng Verbesserungsvirschléi vun hiren Athleten an Athletinnen zouloossen, heescht et do. 

FLTT hätt sech selwer geschued

D’FLTT hätt sech net fir d’éischt sou beholl. Zum Beispill hätt den Eric Glod scho wéinst Differenze mat der Federatioun dem Sport de Réck gedréint. Sportler:inne misste konstruktiv Kritiken, Besoinen a Verbesserungsvirschléi äusseren dierfen, ouni ze riskéieren, dofir sanktionéiert ze ginn.

Mam Blâme fir d’Sarah de Nutte hätt d’Dëschtennis-Federatoun sech selwer geschued, wéi och dem Bild vum Dëschtennis no baussen.

20 Deeg Zäit fir Appel anzeleeën

D’Sarah de Nutte hat Enn Juli an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si bei den Olympesche Spiller net coachen duerft. D’Dëschtennis-Federatioun hat Ufank September erkläert, déi Aussoen hätten der FLTT geschued. D’Dëschtennis-Federatioun hat virun 8 Deeg ënnerstrach, datt d’Sarah de Nutte bannent 20 Deeg Appel géint d’Décisioun vum Blâme aleeë kéint.