Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Einojuhani Rautavaara - Incantations, III. Animato - Christoph Sietzen (Perk.), Romanian National Symphony Orchestra, Cristian Mandeal (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Optakt vun der Natur a Biodiversitéitskonferenz a Kolumbien

COP16

Optakt vun der Natur a Biodiversitéitskonferenz a Kolumbien

D‘Welt Natur- a Biodiversitéitskonferenz vun der UNO fänkt haut zu Cali a Kolumbien un. Op der COP16 Konferenz solle konkreet Schrëtt decidéiert gi fir de globalen Naturzschutzaccord vu Montreal ëmzesetzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John

Doran hate virun zwee Joer eng 200 Länner sech op 23 Ziler bis 2030 verflicht. Ënner anerem war ofgemaach ginn, datt op d‘mannst 30 Prozent vun de Land- a Mieresflächen um Planéit geschützt misste ginn. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet en dréngenden Appell un déi räich industrialiséiert Länner gemaach.

D‘Biodiversitéit-Verloschter op der Welt wieren eng Katastroph. D‘Länner missten hirt Verspriechen halen, fir all Joer 200 Milliarden Dollar fir de Naturschutz zur Verfügung ze stellen, sou den UNO Generalsekretär.

Fir d‘Konferenz ginn et och Suergen ëm d‘Sécherheet. Eng Guerilla Beweegung, déi géint déi kolumbianesch Regierung kämpft, huet mat Attacke wärend der Konferenz gedreet. 11.000 Asazkräfte vun der Police an dem Militär sinn am Asaz.