"Silent Musician"

Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie

All Orchester huet seng Musekerinnen a Museker, mee et ginn och "Silent Musicians". Dat sinn d'Orchester-Bibliothecairen. An der Philharmonie sinn si zu zwee.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Orchester-Bibliothecairinnen an der Philharmonie | © opus 100,7 (Marie Schockmel) play_arrow
Pauline Marmaï & Kalvine Antoine (Foto: opus 100,7 (Marie Schockmel))

Beim Wuert Bibliothecaire denkt een normalerweis u Bicher a Bibliothéiken - mee et ginn awer och Orchester-Bibliothecairen - an dat och an der Philharmonie um Kierchbierg. Dat sinn d’Pauline Marmaï an d’Kalvine Antoine. Ee Groussdeel vun hirer Zäit verbrénge si an den Archiven mat alle Nouteblieder an der Philharmonie, mee si sinn och wärend de Concertsprouwen an deels wärend de Concerten dobäi.

Firwat dat esou ass, ënnert anerem dat verroden déi zwou Bibliothecairinnen am Reportage vum Marie Schockmel.

Lauschterenplay_arrow