Eise Choix vum Album vun der Woch fält dës Woch op Orchestrating the wild. Déi neiste Produktioun vum London Symphony Orchestra an dem Solist Steve Schermer. Den Album rappt ee vun den éischte Sekonnen u mat...
"Cape Flattery Symphonic Poem" ass een dramatesche Concerto, deen ee vun Ufank un an eng gro, däischter a lëfteg Küst vum pazifeschen Ozean entféiert. Ze héiere sinn opbauend Wellen am Mier, ma och déi vermeintlech "Ruhe vor dem Stuerm".
Mam Kontrabass als Solo-Instrument a mat der Begleedung vum London Symphony Orchestra gëtt duerch d'Musek vun der Komponistin Sarah Louise Bassingtwaighte ee Kappkino ausgeléist.
Tëschent den Zeile verstoppen sech awer och ëmmer nees verstoppten a perséinlech Messagen, déi dem Album musikalesch eng grouss Wierkung hannerloossen.
Orchestrating the wild ass anescht, wéi déi meescht Alben. Däischter, mysteriéis an awer och a Momenter hoffnungsvoll. Et ass d'Spill mat der Natur, ma och d'Spill mat neie Klangfaarwen an Techniken.
Iwwerzeegt Iech selwer a lauschtert eran an d'Gespréich tëscht dem Marie Trussart an dem Lex Kauffmann.