Och wann den 'Orchestre Philharmonique de Thionville' dëse Weekend (26.11.) fir d'éischt an der Philharmonie optrëtt, gëtt et den Orchester awer schonn zanter méi wéi 150 Joer. Nach méi erstaunlech ass et dann, datt nëmme Musekerinnen a Museker matspillen, déi ouni Gage, mee just op fräiwëlleger Basis matspillen. An dat sinn net nëmmen Instrumentalisten aus der Lorraine, mee och Lëtzebuerger spille reegelméisseg am Diddenuewener Orchester.
Fir de Frédi Creola, deen iwwer déi lescht 40 Joer d'Concerte vum Orchester organiséiert huet, ass d'Première an der Philharmonie an engems och deng Dernière. Duerno soll d'Organisatioun an d'Hänn vu méi jonke Leit geluecht ginn. Am Interview beim Christophe Mirkes huet de Frédi Creola erzielt em wat hie sech als Initiateur vum Orchester gekëmmert huet a wéie Programm hie fir säi leschte Concert zesummegestallt huet.