100 Prozent brittesch

Orchestre de la Suisse Romande mam Daniel Harding

100 Prozent brittesch. Den Orchestre de la Suisse Romande, zesumme mam Daniel Harding, spille modern Kläng a Form vun engem Trompette-Concerto an enger grousser Sinfonie. Net nëmmen den Dirigent kënnt aus England, mee och d’Komponisten. Wéi dat klengt, entdecke mir hei.

auto_stories

1 min

Dëse Concert gouf de 5. Abrëll 2023 an der Victoria Hall zu Genf opgeholl a gëtt Iech presentéiert vum Pit Brosius. Dir kënnt de Concert bis den 9. Abrëll 2024 an der Mediathéik nolauschteren.

Um Programm:

Mark-Anthony Turnage: Håkan, Concerto fir Trompett & Orchester
Ralph Vaughan Williams: Sinfonie Nr. 5 an Ré Majeur

Interpreten:

Orchestre de la Suisse Romande 
Håkan Hardenberger, Trompett
Daniel Harding, Dirigent