Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Orphée et Eurydice

KLASSIK AKTUELL

Orphée et Eurydice

Dës Oper vum Christoph Willibald Gluck gëtt an enger Fassung vum Hector Berlioz opgefouert.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

2024 | © radio100,7 (Chris Zeien) play_arrow
Vaclav Luks

De Christoph Willibald Gluck war en däitsche Komponist aus der fréier Klassik. Hie gëllt och als Reformator fir d'Gattung Oper. Wéi eng vu senge bekanntsten Opere kléngt, nämlech Orphée et Eurydice, dat kann een hei am groussen Theater zu Lëtzebuerg erausfannen. Do féiert de Vaclav Luks se mat sengem Ensembel Collegium 1704 an enger vum Hector Berlioz beaarbechter Versioun op.

De Christophe Mirkes huet mam Dirigent a Grënner vum Collegium 1704 iwwer dës Oper geschwat a wollt awer fir d'alleréischt wëssen, wat déi 1704 am Numm vum Ensembel bedeit.

Lauschterenplay_arrow