Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Robert Schumann - Arabesque, Op. 18, Leicht und Zart - Judith Jáuregui (Piano)

play_arrow Live
opus

/ “Our Last Dance”

Lescht Editioun "Musek am Syrdall"

“Our Last Dance”

De Jeannot Waringo, President vum Festival “Musek am Syrdall”, verréit de Programm vun der 36. a leschter Editioun vum Musekfestival.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Jeannot Waringo | © radio 100,7 play_arrow
Jeannot Waringo (Foto: radio 100,7)

“Musek am Syrdall ass sou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer, an der Kammerata Luxembourg.


Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.

Lauschterenplay_arrow