Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Jean Sibelius - Karelia Suite, Op. 11, I. Intermezzo - Philharmonia Orchestra, Vladimir Ashkenazy (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Out of the Blue

Klassik am Gespréich

Out of the Blue

De Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners mat enger neier Kompositioun voller musikalescher Iwwerraschungen aus heiterem Himmel.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

Claude Lenners | © Jo Diseviscourt play_arrow
Claude Lenners (Foto: Jo Diseviscourt)

De 25. Oktober spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker e Concert ënner dem Motto "a Roman Holiday". Um Programm steet niewent Wierker vum Respighi a Poulenc och ”Out of the blue", eng nei Kompositioun vum Lëtzebuerger Claude Lenners. D'Stéck war eng Commande vum Kulturministère a gëtt soumat fir d'éischte Kéier opgefouert. D'Marie Trussart huet sech mam Claude Lenners iwwer säi Kompositiounsprozess ënnerhalen. Hien huet ënner anerem verrode wéi eng aussergewéinlech Instrumenter am Stéck optauchen, wat säi perséinleche Bezuch zu Roum ass an hien deelt seng pragmatesch Astellung zur Inspiratioun mat.

Lauschterenplay_arrow