De Matis Grisó (18) ass de Gewënner vun der zweeter Editioun vum Prix Anne et Françoise Groben.
Hie konnt den internationale Jury mat senger Interpretatioun vum Celloconcerto Nr.1 vum Camille Saint-Saëns iwwerzeegen.
Mir ware live op der Plaz an de Luc Boentges huet dem Matis Grisó seng éischt Reaktioun nom Gewënn agefaangen.
Live-Stream:
De Grand Prix Anne et Françoise Groben, mat engem Präisgeld vun 10.000 €, gëtt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte gestëft. Am Gewënn enthalen ass och en Optrëtt als Solist, de 15. Mee 2025, zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg.
An och vum Orchester gouf haut den Owend e Präis am Wäert vun 2.000 € iwwerreecht. De Prix Spécial vum Orchestre de Chambre du Luxembourg ass un de Pianist Colin Toniello (19) gaangen. De Publikumspräis, fir deen online konnt gestëmmt ginn, geet un de Perkussionist Christophe Pütz (20). Mat dësem Präis gewënnt hie 500 €. All Kandidaten hu sech duerch hir Plaz an der Finall e Präisgeld vun 1.000 € erspillt.
Et si fënnef Kandidaten, am Alter tëschent 18 an 22 Joer ugetrueden. Jidderee vun de Finalisten ass als Solist mam Orchestre de Chambre du Luxembourg ënner der Leedung vum Roland Kluttig opgetrueden.
Lauschtert d'Finall mat de Prestatioune vun deene fënnef Kandidaten:
De Prix Anne & Françoise Groben ass ee Concours fir jonk Musekerinnen a Museker tëschent 15 an 30 Joer, deen 2017 an d'Liewe geruff gouf an dëst Joer a seng zweet Editioun geet. Melle konnt sech jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg Musekscoursë kritt oder dës schonn ofgeschloss huet. E soll eng Zort Sprangbriet si fir Nowuesstalenter an hinnen erméiglechen, Fouss an enger professioneller Musekskarriär kënnen ze faassen. D'Halleffinall war den 29. an 30. Abrëll am Stater Conservatoire.
Kandidat Nr.1: Christophe Pütz, 20, Perkussionist
Joey Roukens: Concerto fir Perkussioun
Kandidat Nr.2: Yanis Grisó, 21, Geiist
Felix Mendelssohn Bartholdy: Concerto a Mi mineur, Op.64 (1.Saz)
Camille Saint-Saëns: Introduction et Rondo capriccioso
Kandidat Nr.3: Matis Grisó, 18, Cellist
Camille Saint-Saëns: Concerto Nr.1 a La mineur, Op.33
Kandidat Nr.4: Colin Toniello, 19, Pianist
Felix Mendelssohn Bartholdy: Concerto Nr.1 a Sol mineur, Op.25
Kandidatin Nr.5: Isabelle Kruithof, 22, Geiistin
Felix Mendelssohn Bartholdy: Concerto a Mi mineur, Op.64 (1. an 3. Saz)
Orchestre de Chambre du Luxembourg
Roland Kluttig, Direktioun
Léiert déi fënnef Finalisten an den 100,7-Portaite kennen.
D'Opnam vun der Finall vum Prix Anne et Françoise Groben ass nach bis den 13.Dezember 2024 disponibel.