Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Paysages en Variations

Klassik Aktuell

Paysages en Variations

Den 2. Mäerz gëtt et am Mierscher Kulturhaus en interaktive Concert mat Improvisatiounen a Projektioune vu Naturfotoen.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

play_arrow

Den 2. Mäerz ass am Mierscher Kulturhaus e ganz aussergewéinleche Concert. Ënner dem Motto “Paysages en Variations” luet d’Kammerata op en Owend an, mat Kammermusek vum Messiaen, Bonis oder och Kurtag ënner anerem. De Maurice Clement ergänzt d’Stécker um Piano mat Improvisatiounen. Dozou kënnt nach eng visuell Dimensioun: et ginn Naturfotoe vum Norbert Ketter a Raymond Clement projezéiert. Dat Ganzt ass un eng Ausstellung vun de Fotoe gekoppelt, déi bis de 29. Mäerz op bleift.

De Maurice Clement huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode, wat een sech ënner dem Konzept virstelle kann a wat genee d'Roll vun der Improvisatioun wärend dem Concert wäert sinn.

Lauschterenplay_arrow