A manner wéi enger Woch ass Chrëschtdag, an den Owend kann een an der Philharmonie definitiv schonn a feierlech Stëmmung kommen. Beim traditionelle Chrëschtconcert geet et vun „An der grousser hell‘ger Nuecht“ iwwer „Jingle Bells“ bis „Feliz Navidad“. Dat Besonnescht ass, datt de Publikum matsange kann. An d‘Bün vun der Philharmonie ass gutt gefëllt. Nieft de Lëtzebuerger Philharmoniker sinn och verschidde Chéier mat dobäi, an dirigéiert gëtt dat Ganzt vum Pierre Cao.
Programm:
- John Rutter (1945): Magnificat - «Magnificat anima mea» (1990)
- John Rutter: «Christmas Lullaby» (1990)
- John Francis Wade (1711–1786): «Adeste Fideles» (arr. Sir David Willcocks) (ca. 1743)
- Traditional: «Il est né, le divin enfant» (arr. Kerry Turner) (16. /18. Joerhonnert)
- Traditional: «Les Anges dans nos campagnes» (arr. Ivan Boumans) (18. Joerhonnert)
- Franz Schubert (1797–1828): «Du bist die Ruh» op. 59 N° 3 D 776 (arr. Anton Webern) (1823)
- Franz Schubert: «An die Musik» op. 88 N° 4 D 547 (arr. Max Reger) (1817)
- Eduard Ebel (1839–1905): «Leise rieselt der Schnee» (arr. Ivan Boumans) (–1895)
- Traditional: «O du fröhliche» (arr. Kerry Turner)
- Mathieu Lamberty (1911–1993): «E klengt Chrëschtlidd (An der grousser hell’ger Nuecht)» (arr. Ivan Boumans) (Datum ongewosst)
- Ivan Boumans (1983): Jingle Bells meets Pipes (2023)
- Peter Cornelius (1824–1874): Weihnachtslieder op. 8 N° 3: «Drei Könige wandern» (arr. Pierre Nimax) (1856–1870)
- James Lord Pierpont (1822–1893): «Jingle Bells» (arr. Sir David Willcocks) (1850)
- Edwardi Kabuka: «Amezaliwa» (arr. Netty Glesener)
- Christopher Tin (1976): «Baba Yetu» (Versioun fir klengen Orchester, Solisten a Chouer) (2005)
- José Feliciano (1945): «Feliz Navidad» (arr. Ivan Boumans) (1970)
- Franz Xaver Gruber (1787–1863): «Stille Nacht, heilige Nacht» (arr. Ivan Boumans) (1818)
Interpreten:
- Choeur de Chambre vum Stater Conservatoire
- Pueri Cantores vum Stater Conservatoire
- Sängerinnen a Sänger vum Chouer vum INECC (Institut Européen de Chant Choral zu Lëtzebuerg)
- Lëtzebuerger Philharmoniker
- Pierre Cao & Pierre Nimax (Direktioun)
- Maurice Clement (Uergel)
- Wolf Matthias Friedrich (Bariton Bass)
Fir méi Informatiounen iwwert de Concert, hei e Gespréich tëscht dem Marie Schockmel an dem Christophe Mirkes: